Eis Geschicht

RTL-TVi, Club RTL a Plug RTL ginn op Basis vu lëtzebuergesche Konzessiounen, déi RTL-TVi a Club RTL am Joer 1995 a Plug RTL am Joer 2005 ausgestallt kruten, diffuséiert.

2009 hunn d’Regierung vun der franséischer Communautéit vun der Belsch an déi Lëtzebuergesch Regierung e Protocole d’accord ënnerschriwwen, deen d’Kompetenz vun der lëtzebuergescher Regierung fir dës Chaînen ze reguléieren unerkennt.

De Protocole d’accord gesäit ausserdeem verschidden Obligatioune fir RTL vir, ënnert anerem wat d’Protektioun vun de Mineuren an d’Ënnerstëtzung vun der onofhängeger audiovisueller Produktioun an der franséischer Communautéit vun der Belsch ugeet.

Reguléiert gëtt RTL Belux vun der ALIAder Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel.

Dës Autoritéit kontrolléiert an entscheet iwwert all Fro zu de Programmer an de Publicitéitspraktiken.

All Klo kann iwwer e Formulaire op folgender Adress agereecht ginn: http://www.alia.lu/fr/plaintes.