Eise Konzern

RTL Belux ass eng Filial vum RTL Group, dem gréissten audiovisuelle Konzern an Europa mat senge 57 Televisiounssenderen, 31 Radiostatiounen an der Produktioun vun Inhalter uechtert Welt.

Etlech Televisiounssendere vum RTL Group stinn op éischter oder zweeter Plaz an aacht europäesche Länner.

Fremantle Media, d’Branche déi fir d’Produktioun vun den Inhalter beim RTL Group zoustänneg ass, ass ee vun de gréisste Kreateuren, Produzenten an Distributeure vu verschiddenste Contenue weltwäit (ausserhalb vun den USA).

Mat sengen all Mount 8 Milliarde visionéierte Videoen op Internet ass den RTL Group de gréissten Online-Mediebetrib an Europa. Den digitale Pol entwéckelt sech weider: d’Broadband TV (Kreatioun vu Video-Inhalter op YouTube) zielt 37 000 Partner, 300 Milliounen Abonnenten a 5,4 Milliarde Vuen all Mount. StyleHaul ass déi gréisste Fashion-and-Beauty-Platform op YouTube a SpotX (Publicitéitsvideoen) ass a méi ewéi 190 Länner präsent.

Eis Televisiounssenderen a Radiostatiounen a ganz Europa

D'Lëscht vun eise Chaînen an accessibeler Form uweisen (texte)